Seniorefrënn Viichten- Méchelbuch éieren hir Jubilaren


Viichten: Di schéin Traditioun vun de „ Seniorefrënn Viichten- Méchelbuch“ fir hir Jubilaren ze éieren, ass dest Joer am Uschloss vun der statuarischer Generalversammlung am Festsall vu Viichten och weidergefuert gin. Am Numm vum Vorstand huet Veräins- Presidentin Triny Mathgen allen Geburtsdagskanner alles Guddes an weiderhin eng gut Gesondheet gewënscht, mat der Hoffnung och an Zukunft nach vill schéi Stonnen zesummen können ze verbrëngen. Mat engem klenge Cado sin folgend Jubilaren geéiert gin: Alice Hendrickx, Malou Scholtes an Anny Zieser (80 Joer), Auguste Hendrickx an Marcel Zieser (85). Christine Loomans an Romain Siebenaller (70). Marie Clees- Risch, Yvonne Kugener- Elsen an Félicien Schannel (75) souwi d’Olga Thimmesch (85), déi deser Feier nit beiwunne konnten, ass och ganz häerzlich gratuléiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)