Buergermeeschterinnendag 2023

Op Invitatioun vum Andrée Henx-Greischer, Buergermeeschterin vun der Gemeng Waldbelleg, haten sech de leschten Donneschdeg em 10 Auer, zwanzeg aktuell an ehemoleg Buergermeeschterinnen aus dem Grand-Duché zu Waldbelleg op der Gemeng getraff. No enger klenger Stärkung mat Café a Croissants ass et dun mat engem Bus an de Mellerdall gangen, wou eng kleng "Randonnée pédestre" um Programm stung. Ofgeschloss gouf desen Dag mat engem konviviablen Mettegiessen an der "Heringer Millen" am Mellerdall.