Frendeskrees Kamerun

« Mission accomplie », sou gouf dat éischt Joer vun der asbl „Frёndeskrees Kamerun“ bezeechent. De Grupp huet schons iwert Joeren beim Opbau a Fonktionnement vum Centre d’Accueil de l’Espoir“ zu Yaoundé matgeschafft, sou datt deen Centre mettlerweil 45 Weesekanner en Heem ka bidde, an 50 weideren Kanner dagsiwer Verpfleegung offréiert. Des Onkäschten gin zum gréissten Deel finanzéiert duerch déi monatlech Parrainagen vun 40.-€ pro Donateur. Als neigegrёnnten asbl kont am éischte Joer mat dem Zukunftsplang „Photovoltaique“ ugefangen gin, fir selwer Stroum ze produzéieren. En weideren Projet „Château d’eau“ fir de Kanner propert Drenkwaasser ze garantéieren ass amgang. Fir 2011 gouf e Budget vun 15.000.-€ opgestalt an mir hun äis mat der Gemeng Waldbriedemes zesummen informéiert iwert d’Planz „Artemesia annua“. Den gewonnenen Téi dovunner eegent sech am Kampf géint Malaria, a mir wёllen äis um Verbreeden vum Téi géint Malaria bedeelegen. Jidfereen deen sech interesséiert kann sech um www.cespoir2000.lu informéieren, oder och en Don machen un: „Frendeskrees Kamerun“ CCPL LU92 1111 2995 2788 0000