Caecilienfeier

13
Dez
13 Dez

Den 23. November huet d’Chorale Sainte-Cécile Walfer d’Fest vu senger Patréinesch, der Helleger Caecilia, gefeiert. Ënner der Direktioun vum Elisabeth Schmit, a begleet un der Uergel vum Roger Goodwyn, huet d’Chorale d‘„Messe in G“ vum Carlheinz Hess virgedroen. No der Mass gouf d’Marie-Anne Faber-Kummer fir 20 Joer aktive Member mat der selwer Medaile vum Piusverband ausgezeechent. Den Aumônier vun der Chorale, de Weibëschof Leo Wagener, an de Präsident vun der Chorale, Jos Turmes, hunn d’Verdéngschter vun alle Sängerinnen a Sänger ervirgehuewen. De Leo Wagener sot et géifen net mei vill Poren am Land ginn, wou all Sonndeg, an och soss an der Woch, bei Begriefnisser zum Beispill, eng Chorale fir de musikaleschen Encadrement vun der Mass suergt. Et war dofir och e waarmen Appell, esou wuel vum Weibëschof wie och vum Präsident, un all interesséiert Leit, sech als aktive Member an der Chorale z’engagéieren.

D’Feier, bei där och un all verstuerwe Membere vun der Chorale erënnert gouf, huet hiren Ofschloss bei engem gemittlechen Zesummesinn am Porheem fonnt..