Zur Generalversammlung vun der Chorale Sainte-Cécile Walfer haten dëst Joer eng Rei Leit, dorënner de Buergermeeschter, sech missen entschëllegen, wéint anere Verpflichtungen. De Präsident Jos Turmes konnt awer vill Leit begréissen. Nieft der Jessie Thill, Member vum Schäfferot, waren dat Membere vum Gemengerot, Vertrieder vun der Walfer Musek, vun der Chorale Caecilia Walfer, vun der Chorale Sainte-Cécile Steesel, vum Syndicat d’intérêts locaux, wei och Vertrieder vun der Por Steesel-Walfer (Pastoralreferent, Conseil paroissial, Oeuvres paroissiales). No enger Gedenkminutt fir di verstuerwe Memberen an Éieremembere vun der Chorale, huet d'Sekretärin Lis Boever den Aktivitéitsbericht virgestallt. Doraus geet ervir, dass d’Chorale am Joer 2025 eng 124 mol am Asaz wor. D’Dirigentin Elisabeth Schmit huet aus dem Aktivitéitsbericht verschidde Punkten ervirgehuewen, ënner anerem dee gemeinsamen Optrëtt mat der Chorale Caecilia an der Walfer Musek bei der Feier "175 Joer Walfer Gemeng" bei Geleeënheet vum Nationalfeierdag. Si huet alle Membere Merci gesot fir hiren Asaz fir d’Por a fir d’Gemeng Walfer. De Rapport vum Tresorier Nicki Glaesener weist eng gesond Finanzsituatioun, déi vun dee Keeserevisore bestätegt gouf. E grousse Merci geet un d’Gemeng fir déi finanziell Ënnerstëtzung, grad esou wéi un d’Éierememberen an un all Léit déi bei der traditioneller Gaardeparty d’Chorale ënnerstëtzen. De Comité gouf dunn deelweis erneiert a verstäerkt duerch d'Myriam Welbes déi als neie Member an de Comité gewielt gouf. D'Jessie Thill huet der Chorale Merci gesot, fir déi vill Aarbecht, déi si iwwer d’Joer maachen. Si huet och nach eng Kéier Merci gesot, dass d’Chorale, zesumme mat der Musek an der Chorale Caecilia, bei de Feierlechkeete fir "175 Joer Walfer Gemeng" matgemaach huet. Den Aumônier vun der Chorale, de Weibëschof Leo Wagener, huet Merci gesot, fir déi gutt Zesummenaarbecht bei de Gottesdéngschter, an alle Sängerinnen a Sänger, wéi och der Dirigentin an dem Organist Roger Goodwyn, fir hiren Asaz iwwert d’Joer. Hien huet ënnerstrach, dass esou en Engagement net selbstverständlech ass, mee dass dat nëmme méiglech ass, well am Veräin esou e gudden Zesummenhalt ass. D'Generalversammlung ass mat engem Patt an engem klenge Maufel ob en Enn gaang.