Studenten am Tricentenaire asbl

Studenten am Tricentenaire a.s.b.l.

All Joer an der grousser Vakanz schaffen eng ronn 20 Schüler/innen a Studenten/innen an enger vun de Behënnertestrukture vum Tricentenaire asbl.
Fir d’Schüler/innen an d’Studenten/innen optimal op hir Experienz am Behënnerteberäich ze preparéieren, organiséiert den Tricentenaire all Joer eng intern Formatioun vun 2 Stonnen an där déi jonk Leit eng Basis kréien am Ëmgang mat Leit mat enger Behënnerung.
D‘Tatsaach, datt zum Deel déi selwecht jonk Leit sech all Joer mellen, weist datt et hinne gefall huet an datt si Spaass hunn, sech am Behënnerteberäich ze engagéieren.
An datt eng Basisformatioun wichteg ass, confirméieren déi jonk Leit: „Déi Formatioun huet mech drop preparéiert, wéi ech enger Persoun mat enger Behënnerung besser begéine kann“. „Ech weess op wat ech oppasse muss, si manner onsécher“.
An och dëst Joer wënschen déi Responsabel vum Tricentenaire all hire Schüler/innnen a Studenten/innen eng flott Zäit am Tricentenaire no dem Motto:
« Faire mieux, ensemble, intelligemment et dans le bonheur »
Weider Informatioune fënnt een um Site : www.tricentenaire.lu