Chrëschtmaart dëse Freideg zu Waasserbëlleg an der Schoul

D'Léierpersonal an d'Schoulkanner aus der Grondschoul Waasserbëllg invitéieren dëse Freideg, den 20. Dezember vun 16 Auer un op hiren zweete grousse Chrëschtmaart, deen am Schoulhaff awer och am Schoulgebäi selwer vun der Spillschoul „Princesse Alexandra“ organiséiert gëtt.

Fir d'Feierdeeg fënnt een hei vill a flott Geschenkiddeen, déi d'Kanner an der Schoul selwer gemaach oder gebak hunn. Verkaf ginn ë.a. Käerzen, Chrëschtkaarten, Lehmsaachen, Stollen, Pinnwänn, Téiliichter, Potpourri souwéi weider Dekoratiounsartikelen fir d'Chrëschtdeeg.

Doniewend gëtt et Kniddelen, Panecher, Glühwäin an och frësche Viz vum Kelter. Fir 1 Euro de Lous kann een esouguer an enger Tombola e gerëschtene Beemchen gewannen. An um 17 Auer sangen d'Schoulkanner Chrëschtdagslidder. Den Erléis vum Chrëschtmaart ass dës Kéier fir „Île aux clowns“.