Concert vun der Chorale Ste-Cécile vu Rued/Sir an der Maison de Soins Op Lamp

Op Pällemsonndeg, den 20.3.2016, war d’Chorale Sainte Cécile vu Rued/Sir op Invitatioun vun der Amicale Op Lamp fir e Concert an der Maison de Soins zu Waasserbëlleg.
Ënnert der Direktioun vum Här Fernand Scheller, begleet um Piano vum Här Robert Kania, hunn d’Hären eis e flotte Programm ronderem d’Musel, d’Wéngerten an eise gudde Wäin gesongen.
Bei hirer Zugab, dem “Muselliddchen”, huet de ganze Festsall begeeschtert matgesongen.