Generalversammlung vun der Amicale „Op Lamp“

De 5. Abrëll 2016 war d'Generalversammlung vun der Amicale Op Lamp zu Waasserbëlleg. De President Här Oth begréisst ganz häerzlech all uwiesend Leit, ënnert hinnen d’Éieregäscht: vun der „Maison de Soins op Lamp“, d’Madame Maas an den Här Billen; den Éierepresident den Här Ludwig; vun der Gemeng den Här Aly Leonardy, den Här Alain Scheid, den Här Jérôme Laurent, den Här François Warnier an d’Mme Cilly Nuszkowski, den Här Roger Geimer, Paschtouer vun der Gemeng Mertert.
Am Joer 2015 goufen zéng Concerten organiséiert an eng Chrëschtfeier. Ausserdeem huet d’Amicale d’Onkäschten iwwerholl fir d’Busse fir an d’Oktav, op Sprangprëssessioun, de Beetebuerger Park an aner Ausflich, awer och vun der traditioneller Fahrt op der MS Princesse Marie-Astrid, d’Participatioun vun de Bewunner an dem Personal an d’Gage fir d’Meike Garden, déi während der Fahrt fir d’Animatioun gesuergt huet.
Iwwert d’Joer kritt all Bewunner fir de Gebuertsdag e Bouquet Blumme geschenkt. Bei der Chrëschtfeier krut all Bewunner e perséinleche Kaddo iwwerreecht.
D’Mariette Merges huet en detailléierte Keessebericht virgeluecht. Aus dem Bericht geet ervir, dass déi finanziell Ausgaben méi héich waren, ewéi d'Einnahmen. D’Bewunner wäerten awer och dëst Joer déi gewinnten Aktivitéiten offréiert kréien.
De Här Aly Leonardy vun der Gemeng Mäertert ergräift d’Wuert a felicitéiert der Amicale am Numm vum Gemengerot fir hire benevolen Asaz am Déngscht vun de Bewunner.
De Comité setzt sech zesummen aus:

De President: Serge Oth
De Vice-President: François Warnier
D’Sekretärin: Astrid Lagoda
D’Keessiere: Mariette Merges
D’Memberen: Sandra Bettendorff, Jörg Bidinger, Marie-Paule Kimmen, Anita Scholer,
Jeanny Spang, Pia THill, Marie-Louise Warnier.
Als Éierepresident den Aloyse Ludwig