Dë Bratzelkinnek Eric I liwwert deng Bratzel heem*

Gidd Membre donateur mat 55 € bei den "Bëllia Bratzelgecken" a bestellt schon haut är Bratzel fir Bratzelsonndeg, den 26. März 2017!!!!

De Bratzelkinnek Eric I. liwwert Bratzelsonndeg är Bratzel heem *

Iwwerweisungen mam Vermierk „Bratzel“ op de Kont vun de Bëllia Bratzelgecken
BCEELULL IBAN LU 10 0019 1955 7469 4000

* Konditiounen:
Dir huet bis de 17. März 2017 min. 55 € iwwerwisen a wunnt an dër Gemeng Mäertert.

Leit, déi nët an der Gemeng wunnen, kréien hir Bratzel um Bal vum Bratzelkinnek iwwerreecht, a wann dir och bis den 17. März min. 55 € iwwerwisen huet.

Déi Leit, déi bis den 28. Februar iwwerwisen hun, kommen och als Membre donateur an d‘Brochure 2017, all déi aaner 2018

Awer och mat engem klengen Don kënnt dir eis ënnerstëtzen.

All Don kënnt och an eis Brochure.

www.bratzelgecken.lu