Kannertheater „Dschungelbuch“ zu Waasserbëlleg

Nom grousse Succès vum Theaterstéck „De Léiwekinnék“ d'lescht Jor, spillen d'Schoulkanner aus de Grondschoule vu Waasserbëlleg a Mäertert och dëst Jor neess eng Kéier Theater.

Gespillt gëtt de beschtbekannte Klassiker „Dschungelbuch“,e flott Stéck fir Kleng a Grouss, gespillt, gedanzt a getrommelt vu 64 Kanner aus der Gemeng Mäertert. Zenter Ufank des Jors prouwen déi kleng Schauspiller, d'Dänzerinnen an d'Trommler fir hire groussen Optrëtt. D'Bühnebild, d'Dekoratiounen an och d'Kostümer sinn all an Eegeregie gebastelt a gebutt ginn.

D'Opféierungen vum Kannertheater sinn e Samsdeg, de 9. Juni um 18.00 Auer an e Sonndeg, den 10. Juni um 15.00 Auer am Centre culturel zu Waasserbëlleg.

Ticket'en kann een vun haut un am Zeidungsbutték Weber zu Waasserbëlleg kafen.

E Freideg, den 8. Juni ass um 14.30 Auer eng Virstellung nëmme fir déi eeler Leit aus dem „Muselheem“ an dem Fleegeheem „Op Lamp“ a fir Schoulklasse virgesinn.

Bei Intresse kënne Léierpersounen sech bis den 28. Mee iwwer d'Email-Adress elternvereenegungmw@gmail.com oder op der Telefonsnummer 661 72 02 08 umellen. Den Entrée kascht 40 Euro pro Klass.

Organiséiert gëtt dësen flotten Kannertheater vun der Elterevereenegung Mäertert/Wasserbëlleg mat der Ënnerstëtzung vun Elteren a Léierpersonal.

Regie: Simone Toonen-Arendt & Valy Schons-Tunsch

Danzgroupe: Jacky Freis-Goergen & Pascale Beissel-Goorix

Trommelgroupe: Petra De Neree-Groen, Dominique Schons, Janet Horscht, Claudine Cima

Bühnebild, Dekoratioun a Kostümer: Bettina Hoffmann, Sonja Matschke, Tessy Muller-Gehlhausen, Emma Pia-Matthieu, Tanja Da Silva, Diane Kremer-Majerus

Flüsterkescht: Jean-Claude Hoffmann, Serge Freis, Martin Toonen