Waasserbëlleger Kommiounskanner weisen Härz

D'Waasserbëlleger Kommiounskanner, déi de 4. Mee 2014 hir 1. helleg Kommioun an der Porkirch am Musel-a Sauerstiedchen gefeiert hunn, hunn Härz gewisen: Si hu Suë gesammelt an zwee Kanner aus dem Maacher Kannerheem zwee flott Veloën fir hir 1. helleg Kommioun geschenkt. Am Kader vun enger klenger Feierstonn am Kannerheem, hu si a Präsenz vun hiren Eltren an de Responsablen a Mataarbechter vum Kannerheem, dës zwee flott Veloën iwwerreecht. Natierlech kruten se fir dëse léiwe Geste en décke Merci gesot.