Am Paustertwee zu Wäicherdang

Nach Meteologesches: De Gedenktag vum spueneschen Diakon a Märtyrer Vinzenz (+304) gëllt als Mëtt vum Wanter an ’t heescht den 22. Januar: "Kommt Sankt Vinzenz tief im Schnee, bringt das Jahr viel Heu und Klee." (D‘Familljenimm "Zenz" sinn d‘Kuerzform vum Genannte sengem Virnumm.) Dem Patréiner vun Daachdecker, Holzfäller, Wënzer, Töpfer a Fiedervéih seng Ofkierzung Vinz gouf et lokal zu Wäicherdang och als Fënz a Fënni. (Engelmann) 1995 hat ee ‘Cliärrwer Kanton’-Heft lokal Duerf- a Feldkräizer, Kapellen an hir Geschichte virgestallt, z.B. d’ëm 1900 fir 700 Fr gebauten Donatuskapell “op der Bouch”. Blëtzer haten hei munnch Affer gefuerdert, eemol 13 Kéih mateneen - an d’Ongléckskräiz erënnert drun, wéi 1917 e 27jäeregen tragesch ëmkoum an d’Eisenneel a senge Schongsuele geschmolt waren. - Un de berühmste Fils vum “splendide village de Weicherdange”, un e remarkable Mënsch a Professer, erënnert säit 1992 eng commémorativ Plaque: den Tony Bourg war sensibel fir Problemer ‘dépassant strictement’ dat Materiellt an senger Regioun trei bliwwen. De Grënnungsmember vun der Associatioun ‘de Cliärrwer Kanton’ hat ë.a. och dofir gesuergt, dass méi Originaldokumenter de Veianer Victor-Hugo-Musée beräichert hunn. D’Landschaft, d’Konscht an d’Personnagen englobéieren hei véier Wierder vum M. Nopeney... ’ l’Oesling n’autorise aucune monontonie’!

Am alen Numm Wicherdingen verstoppe sech, fräi iwwersat, “kämpferesch, staark a kéng" Perséinlechkeeten oder einfach „flenk, gewandt a geeschteg beweglech" Leit! D‘Buch "Et war een deemols net méisseg“ erzielt wéi ëm 1900 an enger Wirtschaft zu Wäicherdang, sonndes a “Spiädnesch“, Kaart gespillt gouf oder Keelen ënner fräiem Himmel. War d‘Lehmbunn dréche, goufe rapid Bänken aus Béierfässer an Dännebrieder improviséiert! (E.Krier) Ob do och de legendäre ‘Wierwollef’ en Thema war, deen no laanger Zäit d‘Harry Potter Aventuren erëmentdeckt hunn? Batter Realitéit war, (nodeems den 10. Sept.1944 zu Wäicherdang d’Klacke gelaut hate beim Anzug vun den Amerikaner) dann de 24., 25., an 28. Januar 1945 hei d’‘preparatory to continuation of attack’. Dës an d’Upassung un d’extrem Wiederconditiounen beschreift en Temoignage als “conditions that had not been experienced before, such as icy roads, failure of vehicular engines due to extreme low temperatures, constantly living out of doors and use of winter camouflage.”