Zu Wäicherdang am Ënneschtenduarref

Wéi d’Guttland ewell bewunnt war hunn eis Virfueren och d’manner fruuchtbart Éislek peupléiert. Am Laf vun der Zäit entstoung dann op gutt 480m Héicht d’Duerf Wäicherdang. ’t läit um westleche Bord vum Naturpark Our wou ‘Doft, Faarwen a Kläng sech ënnerhalen’. Et huet wuelproportionnéiert Bauerenhäff mat typesche gewäisste Maueren, an Diech a Fensterstäng aus Schifer. Ee vu sengen typeschen Ausdréck ass Lolwerblat fir Lorber. 1890 hat et ëm 316 Awunner a koum 2007 nach op 207 – grad wéi 80 Joer’virdrun (mä dee Chiffer sollt nach ënner 200 falen). Am 17. Joerhonnert sinn heirëmmer Leit emigréiert an d’Tréirer Land oder d’Pfalz a spéider an Amerika. (Mä de Clierfer Kanton haten di wéinegst verlooss.) D’éischt Duerfschoul vu 1716 huet ufangs vun Allerhellge bis Ouschtre fonktionnéiert; seng nei entstoung 1863 fir 5.541 Frang an huet gedéngt bis 1969 der Clierfer d’Regional-Schoul hir Dieren opgoungen. D’Duerf zielt haut zu de beléiwten Éisleker Ausflugsziler.

D‘barock Architektur vum Bau wierkt schlicht a massiv; se prägt d’Duerfbild an erënnert wéi déi vu Monnerech an ë. a. Fluessweiler direkt un d‘Tirouler Klackentierm. De wäertvolle Mobilier ass dem H. G. Scholtus vu Baaschtnech zougeschriwwen. Den Héichaltor aus Eechenholz kréint uewen d’Dräifaltegkeet an den zweestäckegen Tabernakel iwwerragt de jugendlechen Vincenz. D’remarkabel Täfelung aus Eechenholz huet rechts am Schëff als Raretéit e Votivbild mat Medaillone vun de 14 Nout-Hellegen. D’Héichreliefer mam Datum 1771 sinn deels aachteckeg gefaasst, deels ronn, an encadréiren eng Pietà, déi de lénken Aarm vum Gekräizegten ‘en signe de tendresse’ hieft. (Hirsch). De 1780 brodéierte Pressessiounsfändel zu Éire vun de 14 Hellege war eng Commande vum Paschtouer Crendal. (D’Mënschen haten e staarkt Vertrauen an déi populär Figuren, well si fir hire Glaawen an humanistescht Gedankegutt astoungen.) D’Kierchefënstre vun 1952 mat de ’sancti quatuordecim martyres et auxiliatores’ an der Consolatrix droen d’Signatur ‘compos. Nina et Julien Lefevre Luxembourg/ execut. L. Rotta Bruxelles. D’villbewonnert Statuë vum Jousef an Johannes vu Nepomuk, (Joanes ne Pomuk) iwwer de Sakristeidieren, de Priedegtstull am Rokokostil an de Mobilier hunn eng “wohltuend harmonesch Wierkung”. (Dem Michel Schmitt no “verbanne s’als Baustäng vun eiser Liewenskultur Generatioune vu Gleewegen.”) De figurative Kräizwee vum Albert Hames ass betount einfach. Net ze vergiessen: säit 1760 féiert de Wee hei wéi zu Dienjen ënner engem Schiferbou an dem trouschtvolle Bléck vun enger Pietà an den ‘enclos paroissial’ - deen zënter 1963 zu de ‘monuments classés’ zielt.