Gemeng Wolz keeft Gebaier vun der Circuit-Foil

Fir 3.615.000 Euro keeft d'Gemeng den Terrain vun der Circuit-Foil zu Wegdichen. 3.150.000 Euro sollen direkt bezuelt ginn. De Rescht soll no an no iwwerwise ginn, well ee Gebai am Ament nach soll am Besetz vun der Firma bleiwen.

Vum éischten Abrëll 2011 un, soll Circuit-Foil dann während 20 Joer, all Joer 16.200 Euro Loyer bezuelen. Dobäi kënnt nach eng Taxe vun 162 Euro. Eng entspriechend Decisioun gouf an der Sëtzung vum Gemengerot vum 11. Februar eestëmmeg guttgeheescht.

Foto: Archiv LW