Eng inspiréierend Visitt vun der Kathedral Saint Nicolas fir eis Mataarbechter

Bei Elisabeth si mir houfreg dorobber, d’Diversitéit an all hire Formen ze fërderen, an dozou gehéiert och déi reliéis Diversitéit. Dofir hu mir viru kuerzem eng Visitt vun der griichesch-orthodoxer Kathedral Saint Nicolas zu Weiler-la-Tour fir eis Mataarbechter organiséiert.


D'Kierch ass eenzegaarteg hei zu Lëtzebuerg. Si gouf op Terraine gebaut, déi vum kathoulesche Paschtouer Nicolas Schmidt un déi griichesch-orthodox Gemeinschaft gespent goufen. Mir haten d’Éier vum Rekter Mochonas Panagiotis guidéiert ze ginn, deen d’Visitt informativ an inspiréierend gestalt huet.


Fir eis Mataarbechter war dës Visitt eng aussergewéinlech Geleeënheet fir de Räichtum an d’Diversitéit vun de Reliounen a Kulturen, déi eis ëmginn, besser ze verstoen. Mir sinn zouversiichtlech datt dëst den Engagement fir d’Diversitéit an d’Inklusioun verstäerkt, souwuel bannent Elisabeth an och doriwwer eraus. Mir si frou dass mir eise Mataarbechter dës Geleeënheet konnte bidden a mir hoffen, d’Diversitéit zu Lëtzebuerg weider kënnen ze entdecken an ze feieren.