Weiler zum Tuer. An der Generalversammlung vun de "Fraen Weiler-Haassel" gouf op 2025 zréckgekuckt. Et war e Rekordjoer, wat de Montant vun hiren Donen ubelaangt. Et konnte jeeweils 5000 € un "Handicap international" an u "Le rêve du petit prince" iwwerwise ginn.
Déi Sue stamen haaptsächlech aus dem Erléis vun hirem "Dîner de bienfaisance" an dem Chrëschtmaart. D'Chorale Weiler-Haassel huet sech mat jeeweils 500 € pro Associatioun ugeschloss.
Déi 2 Associatiounen hunn sech op der Generalversammlung ganz häerzlech bedankt an hir interessant Projete virgestallt.
Déi intern Bitzequipe huet e gudden Deel zum Erfolleg vum Chrëschtmaart bäigedroen.
Nieft Kichelcher, Gebeess a witzege Biller, waren hir gebitzte Liichterhaisercher séier ausverkaaft.
D'ganz Joer iwwer hunn si fläisseg gestréckt a gebitzt, esou dass si 102 Schalen, 80 Mutzen, 30 Schachtelen, 10 Rucksäck an 3 Kannerdecken zesumme mat 310 € fir d‘Transportkäschte konnten zu Olm bei der "Kanner a Familljenhëllef" ofginn. All déi Saache sinn a Süd-Rumänie geschéckt ginn.
Bei engem sëffege Patt, offréiert vun der Gemeng, an engem gudde Maufel ass d'Generalversammlung a gudder Gesellschaft ofgeschloss ginn.
D'Fraen Weiler-Haassel soen all hiren aktiven an Éierememberen, hire Sponsoren an der Gemeng villmools Merci fir hir moralesch, finanziell an tatkräfteg Hëllef. Si hoffen och an nächster Zäit op hir Ënnerstëtzung zréckgräifen ze kënnen.