Konveniat FC Aris


Dëser Deeg hate sech am Restaurant „Les Espaces“ um Schlammestee eng 30 fréier Spiller vum FC ARIS Bouneweg, Joergäng 1957 bis 1967, mat hiren Traineren fir e gemittleche Nomëtteg getraff.

Während dem Konveniat goufen natierlech e ganze Koup flott Erënnerungen, Anekdoten, Spiichten, an och déi sportlech Erfolleger bei engem gudde Maufel an engem wuelverdéngte Patt opgefrëscht. Organisateure vun dësem flotten Event waren de Jimmy Schreiner, de Francis Floener an de Romain Lux.