Viru kuerzem sinn d'Jongen an d'Meedercher vun Eech a vu Weimerskierch fir e Konveniat zesummekomm. Si si mam Zuch op Bieles bei d'Universitéit gefuer, wou d'Dany Hardt si emfaangen, hinnen vill gewisen an erkläert huet. Beim Iesse gouf geschwat vu fréier an haut. Bei schéinem Wieder hu si ee flotten Dag verbruecht (C.)