De Männerchouer Sang a Klang Pafendall feiert séng 160 Joer.

Am flotten Kader vun hirem Sängerheem haten d’Sänger vum Sang a Klang hir Memberen, Frënn a Bekannten op hir Gebuertsdaagsfeier agelueden. Eng nei Baussebeleuchtung huet d’Inviteeën direkt a Feststëmmung versat, déi duerch déi herrlech Bannendekoratioun ergänzt gouf.

Esou konnt de President Nico Bley déi zahlreich Sangesfrënn härzlech begréissen an duerch den Owesprogramm féieren.

An engem Concert-Apéritif huet de Jubilarchouer op eng flott Manéier Lidder aus de Stater Viirstied gesong woubäi historesch a lukullesch Themen ofwiesselnd zum Droe koumen ewéi “D’Munzen” oder “Blondinches hunn en Hues geschluecht” an d’Zuhörer schmunzelnd gehéiert hunn, datt dee schéinste Pissoir aus dem Land um Fëschmaart stoung. Och e méi besënnlecht Lidd vun hirem Meeschter Laurent Menager stoung um Programm.

D’Lidderuucht huet duerno d’Relève iwwerholl a mat hiren originalgetreien Truechten aus dem 19. Jorhonnert d’Liewen, d’Traditounen an d’Lëtzebuerger Lidder opliewe gelooss an ëmmer erëm zum Matsangen animéiert.

Déi enk Relatiounen zum Sang a Klang iwwert d’Famill Hornick an dem Ursprong vun der Lidderuucht, denen hiren éischte Concert den 12. Dezember 1984 am Sang a Klang stattfonnt huet, stoungen am Mëttelpunkt vun dësem gesellegen Owend.

Esou louch et op der Hand datt déi 2 Chéier zum Ofschloss zesummen “D’Lidd vum Théiwesbuer“ gesongen hunn an de ganze Sall ewéi een eenzeche grousse Chouer begeeschtert ofgeholl huet.