De Wämper Lof ass eng Sportveranstaltung fir all Alter. Jiddereen de gären left, ob als Profi oder Amateur, konnt sich och dëst Joer um 24. Wämper Triathlon ageschreiwen fir een Parcours va fënnef resp, zeng Kilometer rondrëm déi zwee Seeën zu Wäiswampech ze bewältigen. Fir de Spaass an d'Bewegung wor och fir d'Kids e Kannerlof van 2150 Meter fir de Joergang 2006-2009 souwéi eng weider Course fir de Joergang 2010-2013 van 750 Meter organiséiert gien, woubäi all jonken Athlet eng Medaille iwwerreecht krut.Dat ganzt hat ënnert der Organisatioun van Wämper Musik, der Amicale Pompjeeën Wäiswampech an dem Celtic Dikrich stattfond.