Mat der Alaadung van den Gemengen Cliärref an Wäiswampech gouf den Erëmopstieg an d'Eirepromotioun vam FF Norden' 02 gefeiert. Dobäi den Champion van der éischter Equipe, an als Tëppelchen op den "i" no enger wonnerbarer Saison den Gewënn van der Coupe FLF. Zugléich gouf den Afschloss van der Saison mat den Equipen gefeiert. Mat vill Fläiss, Eiergäiz, Wëllen an déi néidig Energie han sie dësen Schrëtt gewonnen. Mat den Musiken van Hëpperdang an Wäiswampech gung et am Cortège durrich Dueref an den Centre Culturel wou jidderéen häerzlich agelaaden wor fir e paar flotter Stonnen mateneen ze verbrengen.