Grouss Halloweenparty zu Lützkampen (D)

Um Dräilännereck vu Däitschland- Belgien-Lëtzebuerg, eng ronn zeng Kilometer vu Wäiswampech, wor och dëst Joer vum 31.August 2019 déi iwwert Grenzen eraus bekannten a grouss Halloweenparty zu Lützkampen (D) gefeiert ginn.

Am groussen Festzelt hunn den DJ Hubbi, Musik Factory, sou wéi den DJ Filou an den DJ Davibe bis zur spéider Stonn fir super Stëmmung gesuergt.

Ënnert der Organisatioun vum Jugendverein Lützkampen e.V. stong d'Partynuecht wéi an de Joere virdun ganz am Zeechen: "Von der Jugend, für die Jugend".