Schüler aus dem Atertlycée vu Réiden op Visitt an der Chamber

Schüler aus dem Atertlycée vu Réiden ware kierzlech op Visitt an der Chamber beim Budgetsrapporter, dem Deputéierten André Bauler. Si goufe vun hire Professere Maurizio Pagani an Tom Ries begleet.

D’Schüler hate mam André Bauler eng intressant Diskussioun iwwer aktuell Themen; vun Ëmweltschutz iwwer Déiererechter bis hin zu Mobilitéit a medezinesche Sujeten. Donieft huet hien och d’Aarbechten an d'Funktiounsweis vun der Chamber virgestallt an ass kuerz op eis Verfassungsgeschicht agaangen.