Éischte Krëschtmoart zu Welleschten op der Platz

Op Initiative vum Club des Jeunes Bech-Maacher (CJBM), ass haut a muer (16. an 17. Dezember) zu Welleschten op der Bach (Zentralplatz niewt der Kierch) den éischten "open air" Krëschtmoart zu Welleschten.
Ënner der Mataarbecht vun enger Reih Vereiner (Welleschter Musek, Welleschter Fëscherveräin, Riemescher Jugenhaus) an soss interesséierter konnten eng Reih vu Chalet'en beliewt ginn, an op der pitoresker Platz eng ganz flott Krëschtstëmmung geschaafe ginn.
Fir daat musikalescht Encadrement hunn niewt der Welleschter Musek och d'Kanner aus der Welleschter Grondschoul (Cycle 3 a 4) gesuergt.
An der Kierch wor dunn géint 18:00 Auer och nach e kléngt Krëppespill opgefouert ginn, waat de Kanner an Elteren vill Freed gemach huet.

Muer (17.12) ass och nach Programm ugesoot. Vun 11:00 Auer unn ass weiderhinn niewt de Verkaafsstänn fir Iessen a Gedrénks (Friture, Keisraclette, Pankecher, Glühwäin, Lumumba, Jagertee, Weihnachtstéi, ...) gesuergt.
Vun 14:00 Auer un suergen "The Messengers" mat flotte Krëschtlidder fir di richteg Krëschtstëmmung, a vielleicht kënnt et jo nach duerno zu engem "Schnéimann Contest" ...

Op Welleschten kommen lount sech egal wéi !