Galaconcert 2012 vun der Welleschter Musek

E Méinden, den 30. Abrëll huet d’Welleschter Musek op hiren traditionellen Galaconcert zu Welleschten an der Kellerei invitéiert. Am éischten Deel huet d’Welleschter Musek bekannten Melodien aus den Musicals „Cabaret“ an „Musical Daens Suite“ gespillt.
Fir den zweeten Deel hunn si sech och dëst Joer nees eppes Besonnesches afalen gelooss. An zwar hunn si zesummen mat enger Rock Band, bekannten Melodien vun der legendärer Alan Parsons Project Band gespillt. Et waren Stécker wéi Sirius, Lucifer, Snake Eyes, Don’t answer me an vill anerer ze héieren.

D‘Solisten vun dësem Owend waren den Felix Henico (Sax. Alt), d‘Judith Risch (Sax. Tenor) an d‘Josiane Schons (Sax. Sopran). D‘Besetzung vun der Rock Band war:
Vocals:Jean-Marie Louis
E-Guitar: Laurent Kohn / Paulo Simoes
E-Bass:Luc Gerges
Piano/Keyb.:Christian Crutarciuc
Drums:Gilles Gerges

De Concert stoung wéi gewinnt ënnert der Leedung vum Romain Asselborn. Duerch den Programm huet den André Vandendries gefouert.

Link vun den Fotoën vum Galaconcert : http://www.welleschtermusek.lu/Fotoalbum/Galaconcert%202012/index.html

www.welleschtermusek.lu