PÄDAGOGISCHE PROJET AM SERVIOR GEENZEBLEI.
Am Juni war et souwäit, dunn war déi offiziell Aweiung vum pädagogische Projet vun den Hochbeeter.
Virun engem Joer huet Amicale vun der Geenzebléi zesummen mat der Direktion souwéi dem Heemrot beschloss Hochbeeter ze kaafen fir ee pädagogische Projet ze lancéieren, andeems Si mat den Awunner aus dem Haus Geméis a Kräider uplanzen an wou Awunner sech dann och um Pfleg vun den Hochbeeter mat vill Freed këmmeren, fir kënnen hirt Geméis an hir Kräider ze ernten.
De Projet huet Ziel, datt Awunner sech nees kënnen em ee klenge Gaart këmmeren, daat waat Si och an hirer fréierer Zäit gemaach hun. Hochbeeter sen sou gebaut, datt all Awunner kann matschaffen.
D’Amicale Geenzebléi Wooltz huet den Kaaf vun den Hochbeeter mat 12.000 € finanzéiert.