43 Jubilaren geéiert zu Wolz an der Geenzebléi.

Ugangs Juli hunn d‘ Amicale“Les Amis de la Maison Geenzebléi“ 43 Bewunner aus der Geenzebléi an dem Foyer du Jour gefeiert déi am Abrëll, Mee a Juni 2026 Gebuertsdag haten.

An der Begréissungsreed hott de President Jing HUET am Numm vun den Amis de la Maison Geenzebléi allen Gebuertsdagskanner gratuléiert an hinnen fir Zukunft nach eng gutt Gesondheet gewënscht.

Dëse Wënsch huet sech och de Buergermeeschter Patrick COMES ugeschloss. Vun der Direktioun waren d’Antonia SCHMIT an den Nico DE BORGER vertrueden op dëser Feier.

Fir gutt Stëmmung huet den Orchester JEMP a JEANNOT gesuergt.

Et sen ee puer flott gemiddlich Stonnen verbruecht ginn mat enger gudder Wafel, déi vum Supporterclub vun der Weeltzer Musik gebak a gesponsort goufen.

Mat engem flotten Kaddo si folgend Bewunner vum der Amicale geéiert gin: Nicole VOLZ-ZIMMER (59 Joer); Raymond KREMER (63); Sonja WEYDERT (69); Annette WEBER (69); Annette BASSANIN-FEDERSPIEL (74); Paula ESCHETTE-LEUNESSEN (75); Jean NEY (77) ; Marcelle DEFAYS-ROTH (79); Margot DIEDLING (79); Johny BLEES (79); Marie Annik FEDDEMA-BURGUET (80); Mathilde ANSAY (80); Marie-Josée GENGELER-COLLARD (80); Maria RODERICH-HUBERTY (80); Norbert LALLEMANG (81); Nicole SIMON-SCHMIT (81); Marianne THINES (81); Pauline SCHENK (82); Rosa SCHMIT-BURGGRAFF (83); Marie-Josée SCHNEIDER-GRETTNICH (83); Marguerite WEINAND (84); Fatima HADJI (84); Marie-Thérèse GREMLING-THURMES (86); Léonie HUBERTY-KNEIP (86); Elisabeth MEYERS-ANSAY (86); Emilie MARTIN-PEIFFER (87); Micheline MOLITOR-JACQUES (87); Johan NEI (87); Josette SCHMITZ-GOEDERT (87); Elise SCHOLER-BAULISCH (87); Pierre SIEBENALER (87); Jules DIDIER (87); Catherine KOUTENKO-GODART (90); René SCHMIT (90); Anne GIRA-MAJERUS (91); Irène SINNER-RASQUIN (91); Auguste CORDEWENER (92); Elly MAACK-RODERICH (92); Henriette MISCHO-GUELFF (92); Elise SCHANK-KARELS (92); Marie-Thérèse THINES-GOERES (92); Elise KAUTH-LALLEMAND (96) an den Peter LINDERS (96).

D’Gemeng Wooltz hott den Gebuertsdagskanner der Madame Chatherine Koutenko-Godart an dem Här Schmit René fir de ronnen Gebuertsdag vun 90 Joer ee flotten Kaddo iwwerreecht.