Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi zu Wooltz

Am Oktober huet Amicale Geenzbléi Wooltz 29 Bewunner aus der Geenzebléi geéiert déi am Juli, August a September 2025 Gebuertsdag haten.

An der Begréissungsreed hott de President Jing HUET am Numm vun der Amicale alle Gebuertsdagskanner gratuléiert an hinnen fir Zukunft nach eng gudd Gesondheet gewënscht.

Dëse Wënsch hun sech och Schäffen vun der Gemeng Wooltz Chantal Kauffmann an den Amel Cosic ugeschloss.

Bei der Feier war och Direktion vertrueden duerch Madame Antonia SCHMIT.

Fir déi musikalisch Stëmmung huet den Orchester MICHEL gesuergt.

Gemiddlech bei engem gudden Patt an enger gudder Waafel hun Awunner puer flott Stonnen genoss. Waafelen goufen gesponsert a gebaack vum Supporterclub vun der Weeltzer Musik.

Mat engem flotten Kaddo si folgend Bewunner vum der Amicale geéiert gin:

MOUSEL Sandra 54, HIRSCHFELDT Angélique 60, EVEN Christian 65, HANTEN Joseph 73, DECKENBRUNNEN François 79, PETERS-KASPAR Antoinette 80, BREYER Marie-Josée 82, BURGGRAFF-GREMILING Albertine 83, WELBES René 83, DIESCHBURG-UNTERRAINER Luise 85, LOESCH Caroline 86, MONIN Jean-Claude 86, BIWER-KERGER Irma 87, FRERES-MAY Annie 87, BEELEN Hilaire 88, MOORE-HAYWARD Frances Mary 88, ROEMER-SCHNEIDER Trina 89, WEBER Josephine 89, EVEN Raymond 90, BREYER-BRETTNER Nicole 90, FELLER Nicolas 91, GLODE André 91, HAAS Ida 93, WENKIN-MATHIEU Catherine Anna 93, BECKER-SEHER Marcelle94, LEINER Rodolphe 94, MAJERUS-THEIS Catherine 99, RAUSCH-MEIER Suzanne dit Sanny 100.

D’Gemeng Wooltz hott een Kaddo iwwereecht fir déi Bewunner déi een ronne Gebuertsdag hatten.