Flott Gebuertstagsfeier an der Geenzebléi mat der Amicale.

Et ass Traditioun an der Geenzebléi datt déi zweet Woch Januar déi Bewunner geéiert ginn, déi am aale Joer am Oktober, November, Dezember Gebuertsdag haten. Bei der Begréissung hott de President Jing Huet am Numm vun der Amicale deenen 25 Geéierten fir hire Gebuertsdag gratuléiert an hinnen nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht . De President hott och der Direktioun , dem Personal an de Bewunner an allen Memberen aus der Amicale nach nodréiglich all Guddes an virun allem eng gutt Gesondheet fir Joer 2024 gewënscht.

Bei dëser Feier war Direktioun aus der Geenzebléi vertrueden durch Madame Muller Anne. Gemeng war vertrueden durch Buergermeeschtesch Madame Carole Weigel an déi 1. Schäffin Madame Kauffmann Chantal. Buergermeeschtesch hott sech de Wënsch vum President ugeschloss bei hirer Reed un Bewunner aus der Geenzebléi an hinne gesoot, wann et hier nëmme méiglich wier, datt si selbsverständlich gären giff kommen op sou eng Feier. Dono ass den Happy Birhtday gespillt ginn vum Orchester Michel an bei flotter Musik guff gesong an gedanzt.

Den Gebuertsdagskuch hunn Bewunner sech gutt schmachen geloss bei engem gudden Patt an enger Taass Kaffi, wat alles zerwéiert guff vum Personal zesummen mat de Memberen vun der Amicale. Gemeng hott e Kaddo iwwerreecht fir déi Bewunner déi 90 Joer an 95 Joer kritt hunn. Alleguer déi 25 Geéiert kruten e Kaddo vun hirer Amicale.

Et guffen geéiert : Meyer Andy 38, Wirth Jeannine 68, Grosges-Weides Hélène 71, Lanser Roland 73, Deviscour Fernand 75, Reimen Jean-Pierre 77, Weis-Weirich Edith 77, Wego Wilhelm 79, Vanhaekendover-Everard Ernestine 80, Siebenaler-Keiser Margot 81, Reiles-Diggelmann Heidi 82, Defay Marcel 85, Goeders Bernhard 86, Hansen Nicolas 88, Lenners Germaine 89, Kergen-Delaporte Philomène 90, Duton-Balthasar Irma 90, Kieffer-Simon Ottilie 90, Weber-Roderich Margot 91, Ohenstetter-Reckinger Cécile 92, Mossong-Pütz Marie 92, Gillander-Ourth Julie 93, Kerger-Wallig Hélène 94,Bourone Emile 95.