Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi Woltz mat der Amicale.

Op dëser Feier déi traditionell vun der Amicale organiséiert gëtt war och Gemeng vertrueden durch den Schäffen Patrik Comes an Direktioun vun Servior durch den Här David Waxweiler an den Mupp Nugat war extra komm fir op d‘Foto. Bei der Begréissung hott de President Huet Jing am Numm vun der Amicale allen Geéierten felicitéiert fir hiren Gebuertsdag an hinnen nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht. Dono hott deen ganzen Sall mam Orchester Klimperhary den Happy Birthday gesongen. Et guff gedanzt an gesongen, den Gebuertsdagskuch hott och nik gefeelt an e gudde Patt wéi ëmmer zerwéiert vum Personal Servior zesummen mat den Memberen vun der Amicale. 30 Bewunner guffen geéiert déi am Abrëll, Mee, an Juni Gebuertsdag haten an kruten een Kaddo vun hirer Amicale: Weydert Sonja (66), Weber Anette (66), Merges Anne (70), Defays Marcelle(76), Paolin Claudio (76), Lallemand Norbert (78), Schneider Marie-Josée (80), Reding Lydie (81), Gremling Marie-Thérèse (83), Unsen Irma (83), Remy Jeannot (83), Schroeder Roger (83), Molitor Micheline (84), Martin Emilie (84), Siebenaler Pierre (84), Graas Erna (84), Cuignet Claire (86), Turpel Edmond (87), Van Maris Gerardus (87), Malané Yvette (87), Schmit René (87), Gira Anne (88), Sinner Irène (88), Feller Marie (88), Schank Elise (89),Thines Marie-Thérèse (89), Heusbourg Eve (90), Kolbach Marie-Sophie (92), Kauth Elise (93), Andre Marguerite (94).