Den 7. Januar war déi lescht Gebuertsdagsfeier vum Joer 2024 wou Bewunner aus der Geenzebléi vun de Méint Oktober, November an Dezember geéiert guffen vun der Amicale. Bei der Begréissung hott de President Jing Huet am Numm vun der Amicale allen Bewunner nach nodréiglich fir dat neit Joer 2025 all Guddes gewënscht. Den Gebuertsdagsleit hott de President allgoer fir Zukunft nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht an datt si nach vill Fester mat der Amicale kënne zesummen féieren. Direktioun vun Servior war vertrueden durch Madame Muller an den Här Waxweiler. Gemeng war vertrueden durch Schäffen Madame Kauffmann an Här Cosic. Madame Kaufmann hott am Numm vun der Gemeng allen Geéierten gratuléiert an hinnen och fir Zukunft all Guddes gewënscht. Dono hott den Orchester Michel den Happy Birtday gespillt wou alles matgesong hott. Bei engem gudde Patt an engem Steck Gebuertsdagskuch guff gedanzt an gesong. Vun der Amicale gouf et wéi ëmmer een Kaddo fir all déi 28 Geéiert an Gemeng hott een Kaddo iwwerreecht fir déi Bewunner déi een ronne Gebuertsdag haten.
Et guffen geéiert : Meyer Andy 39, Bourkel Jacqueline 62, Wirth Jeannine 69, Grosges-Weides Hélène 72, Deviscour Fernand 76, Theis-Esch Catherine 77, Kaiser-Welter Emilie 78, Michels-Haessler Rosemarie 78, Reimen Jean-Pierre 78, Weis- Weirich Edith 78, Guirsch-Thill Eugenie 81, Vanhaekendover-Everard Ernestine 81, Reiles Diggelmann Heidi 83, Baulisch-Bissen Elise 86, Defays Marcel 86, Goeders Berhard 87, Waaijenberg-Biver Josette 87, Hansen Nicolas 89, Thimmesch-Banela Olga 89, Beneké-Berens Julie 90, Duton-Balthasar Irma 91, Kergen-Delaporte Philomène 91, Kieffer-Simon Otilie 91, Weber-Roderich Margot 92, Mossong-Pützt Marie 93, Gillander-Ourth Julie 94, Kerger-Wallig Hélène 95, Bourone Emile 96.