Gebuertstagsfeier an der Geenzebléi zu Wooltz

Den 9. Abrëll war déi éischt Gebuertsdagsfeier fir Joer 2024, organiséiert vun der Amicale aus der Geenzebéi wou 24 Bewunner geéiert guffen déi am Januar, Februar an März Gebuertsdag haten. Bei der Begréissung hott de President Jing Huet am Numm vun der Amicale den Gebuertsdagsleit gratuléiert an hinnen allgoer fir Zukunft nach lang eng gutt Gesondheet gewënscht an datt si nach vill Fester mat der Amicale kënne zesummen féieren. Direktioun vun Servior war vertrueden durch Madame Muller Anne. Gemeng war vertrueden durch Schäffen Madame Kauffmann an Här Cosic, Madame Kauffmann hott am Numm vun der Gemeng allen Geéierten gratuléiert an hinnen och fir Zukunft all Guddes gewënscht. Dono hott den Orchester Jeannot Conter den Happy Birtday gespillt wou alles matgesong hott. Bei engem gudde Patt an engem Steck Gebuertsdagskuch guff gedanzt an gesong. Vun der Amicale gouf et wéi ëmmer een Kaddo fir all déi 24 Geéiert an Gemeng hott een Kaddo iwwerreecht fir déi Bewunner déi een ronne Gebuertsdag haten.

Et guffen geéiert : Krausch Marie-Louise 62, Roth Marguerite 71, Schmitz Roger 71, Paolini-Tabone Anna Francesca 72, Gerend Fernand 73, Deligny Françoise 74, Brust Schaul Margot 81, Schamburger-Doerfel Emilie 83, Wilwers Nicolas 84, Hayard Marie Catherine 84, De Maere-Errembault Madeleine 87, Treis Dorothée 88, Eiffes-Schilling Marie 88, Beelen-Peeters Alida 88, Vinandy-Schumacher Margot 89, Wolter Nicolas 89, Becker-Maillet Josette 90, Jakoby-Esch Mariechen 91, Krausch Aloyse 91, Weber-Schilling Marie 91, Kremer-Engelmann Henriette 94, Weinandy Marie-Louise 97, Schack-Fietz Margot 99, Schanck-Wilmes Hélène (Lilly) 101.