Gebuertstagsfeier zu Wooltz an der Geenzebléi mat der Amicale


All dréi Méint gëtt an der Geenzebléi eng Gebuertsdagsfeier organiséiert vun der Amicale. Den 10. Oktober guffen 29 Bewunner geéiert déi am Mount Juli, August, September Gebuertsdag haten. Gemeng Wooltz war vertrueden op deser Feier durch hir Buergermeeschtesch Madame Carole Weigel an 1. Schäffin Chantal Kauffmann. Direktioun Servior Geenzebléi war vertrueden durch Madame Plawny Evelyne an den Här David Waxweiler. Bei der Begréissung hott de President Huet Jing am Numm vun der Amicale allen Geéierten felicitéiert fir hiren Gebuertsdag an hinnen nach laang eng gutt Gesondheet gewënscht. De Jing hott och der Buergermeeschtesch Merci gesott datt si sech Zäit geholl hunn , fir op sou enger Feier derbei ze sënn sou wéi datt soss och de Fall war bei dem Buergermeeschter Fränk Arndt. Buergerschtesch hott och puer Wuert un déi Geéiert geriicht an hinnen all Guddes gewënscht fir hir Zukunft an Merci gesoot datt si op deser Feier derbei kann sënn an datt si och an Zukunft giff kommen wann et hir nëmmen méiglich wier. Den Orchester Jeannot Conter hott dono den Happy Birhtday gesong an de ganze Sall hott matgesong. Bei flotter Musik vum Jeannot Conter guff gedanzt an gesongen. Den Gebuertsdagskuch hunn Bewunner sech gutt schmaachen geloss bei engem gudde Patt an enger Taass Kaffi. Den Service guff gemaach vum Personal Servior zesummen mat de Memberen vun der Amicale. Alleguer déi Geéiert kruten een Kaddo vun hirer Amicale: Mousel Sandra (52), Hanten Joseph (71), Deckenbrunnen Francois (77), Peters Antoinette (78), De Landtsheer Pierre (79), AubartMarcelle (79), Breyer Marie-Josée (80), Martini Bruno (80), Welbes René (81), Zeimen Melanie (82), Dieschburg Luise (83), Leonardy Beatrice (85), Freres Annie (85), Beelen Hilaire (86), Moore France Mary (86), Vanhackendover Jean (87), Roemer Trina (87), Weigel Pauline (87), Weber Josephine (87)Breyer Nicole (88), Wenkin Catherina (91) Hass Ida (91), Keiser Alice (91), Becker Marcelle (92), Leiner Rodolphe (92), Ewen Jean (93), Thill Bertha (94), Majerus Chaterine (97), Wiltgen Marguerite (103)