"Journée des bénévoles" bei Special Olympics Lëtzebuerg

Ouni de bénévolen Asaz könne haut des Dag vill Veräiner a Verbänn net bestoen. dest zilet och fir Special Olympics Lëtzebuerg, de Sportverband fir Kanner a leit mat enger geeschteger Behënnerung. Ob um administrativen, am Komitée, oder um sportlechen Niveau, als Trainer, sti si hir Fra oder hire Mann, des Dag fir Dag, Woch fir Woch, wäerend engem ganze Joer. D'Saison 2011/12 gung elo op en Ënn, net ouni ee klenge Merci un dese Grupp vu engagéierte Leit ze ginn. Am Ufank vum Joer gouff Special Olympics duerch d'Person vum Marc Feltgen vum Sportsministäer stellvertriedend fir all seng Bénévoler geéiertet ginn. De Geldpräis gouff elo an eng "Journée des bénévoles" investéiert.
Ee flotten an ofwiesslungsräche Programm stong leschte Samsdeg um Programm. Ugefaang mat enger interessanter Visit vun der SEBES zu Esch/Sauer iescht et zu Wolz am Prabbeli ee gudde Maufel gouf. Ennert der Leedung vum Berbert Maly gouf et dunn eng Visit mat villen Erklärungen iwwert den "Jardin de Wiltz"; Nieft engem Tour duerch de Béiermusee blouw am Ardennestäedtchen och nach genug Zäit fir een interessanten Austausch. Den Ofschloss vum Dag war dunn an der Fuussekaul op der Bowlingsbunn wou sech nach eng Kéier sportlech gemooss gouf.
Ee flotten Ofschloss vun enger laanger an ofwiesslungsräicher Saison.