Scheckiwwereechung fir Imbasa van 1587 Euro

De Jugendgrupp "Jonker ënnerwee" iwwereecht dem Georges Ries van Imbasa ee Schéck van 1587 Euro. Bei der Schéckiwwereechung hat de Georges Ries de Jonken va sengem bénévolen Engagement bei Imbasa verzallt. Die Jonk konnten schon am Hierscht bei engem Djembé-Atelier mam Astrid Smeets Imbasa kennen léiren. Imbasa ënnerstëtzt virun allem Kanner a Fraën a Südafrika. Mat dese Suen finanzéiert Imbasa den Dach van enger Kierch a Muldersdrift. De Jugendgrupp seet allen "Merci" die zu deser Somm beigedroen han anlässlich vum Concert an der Ëlwenter Kierch am Hierscht.