De Martinscomité vun der Par Ëlwen-Wäiswampich ass glécklech der Sozialequipe Bouneweg ee Schéck vun 2000 Euro ze iwwereechen. D’Sozialequipe Bouneweg, vertrueden duerch d’Jij Linster an dem Elke Grün keeft mat dëse Sue Schung a Strëmp aus Woll.
Doriwwer eraus huet sech de Martinscomité bei der Asbl „Kanner a Familljenhëllef“ bedankt fir déi laang Zesummenaarbicht. D‘Madame Marie-Jeanne Schmit an d‘ Sylvie Bourg van der Asbl „Kanner- a Familljenhëllef“ hunn ee Scheck vun 2000 Euro entgéint geholl. Mat dëse Suen wëlle sie Schoulmaterial a Schoulsäck kafen.
Op der Foto stinn an der éischter Réi vu lénks no riets : Marie-Jeanne Schmit, Sylvie Bourg, Elke Grün, Jij Linster, Eric Palmeiro, Andrea Schons.
An der zweeter Réi vu l.n.r. Ingrid Scholzen, Malou Gillander, Renée Winandy, Mäggy Hermann a Marianne Fellens.
De Martinscomité seet allen MERCI di zu deene 4000 Euro bäigedroën haen.
D'Martinsfeier 2025 ass Samschdeg, de 15. November ëm 17.00 Auer zu Wäiswampich am Zelt. Dono ass de Cortège hannert dem St. Martin zu Päerd ëm de Séi.