40. Generalversammlung Dammenturnverein Wëntger

Wëntger. 40. Generalversammlung

Viru kuerzem huet den Dammenturnverein vun Wëntger hir 40. Generalversammlung am Bistro Sënnesräich zu Lëllgen ofgehalen. No der Begréissung vun der Präsidentin Josée Thill, konnt d‘Sekretärin Josiane Scholtes een deck gefëlltene Programm virstellen an och d’ Tresorière Lecoq Nicole huet en ganz positiven Bilan presentéiert. Eng Rei sportlech Aktivitéiten am Laf vun den Joren an een gutt gelongenen Keis Owend hunn derzou bäigedroen, dass een Chèque vun 2.600 € un verschidden Organisatiounen konnt iwwerreecht ginn.

Den 1. Don goung un d‘ Stroossen Engelen an den H.Lauer huet seng Associatioun, déi sech em obdachlos an aarm Leit këmmert, kuerz virgestallt.

Den 2. Don konnt d’ Madame Link Pascal vun der AMVA entgéinthuelen. Sie hunn sich zum Ziel gemaach d’ Mobilitéit an d‘ sozial Integratioun vun blannen an séibehënnert Leit ze verbesseren.

Mat engem gudden Essen gouf dësen flotten Owend ofgeschloss.

Weitere Neuigkeiten von Romain Scholtes >