40 Joer Feier Dammenturnverein Wëntger

Dammenturnverein Wëntger – SGW à.s.b.l 40 Joer Feier

Am Mäerz 1983 wor d‘Geburtsstonn vum Dammenturnverein Wëntger. 40 Joer duerno huet den Veräin vun der Geleeënheet profitéiert op engt grouss Fest ze invitéieren. All aktiv an fréier Memberen souwéi d’Grönnungsmemberen an Vertrieder vun der Gemeng waren invitéiert. Et ass ouni Zweifel den Merite vun eisen Trainer/innen, dat mir well iwwer 40 Joer lang Freed um Turnen hunn. Eis Coursen sen ëmmer flott an ofwiesslungsräich. Vill Neies gëtt ausprobéiert an mir kënnen eis Gesondheet duerch Beweegung fërderen an erhalen. Gutt Frëndschaften déi entstanen sen an deenen 40 Joer sen d’Basis fir eng gutt Zesummenaarbecht.

Bei engem wonnerbaren Essen konnten mir een schéinen Dag mateneen verbréngen. Foto Alben sen duerch d’Reien gaangen an eng PowerPoint Animatioun huet déi vill Aktivitéiten vun deenen leschten 40 Joer Revue passéieren gelooss. Vill Spaass haten mir mat enger Foto Box. Als Undenken an déi schéin Zeit krut jiddereen een klengt Geschenk mat heem. Den Dammenturverein freet sech op eng aktiv an sportlech Zukunft.

Weitere Neuigkeiten von Romain Scholtes >