Är Kandidaten, zesumme fir d'Gemeen

A motivéierter a produktiver Ronn huet iis Equipe sech zesummengesaat fir e Bilan vun de leschten 6 Joar ze zéien, fir Erweiderungsideen an Verbesserungsvirschléi ze sammelen.

Festgehal hu mir 6 Schwéierpunkten, déi duerch iis éierlech Loscht um Engagement an den nächste Joaren an iiser Gemeen sollen ugepaakt ginn.

Mir freeën iis iwwer all Ureegungen vun Ärer Säit a wëllen och iwwert d’Wahlen eraus beschtméiglechst am Sënn vun Eech als Awunner vun der Wormer Gemeen schaffen.

Léif Mattbierger, wann dir Détailer zu eisem Wahlprogramm wëllt wëssen oder soss Froën un iis huet, zéckt nët Kontakt iwwert iis Homepage http://www.walen2011.lu matt iis opzehollen.