DE FIFTY-ONE CLUB MUSEL ËNNERSTËTZT D’FONDATIOUN WONSCHSTÄR

Kierzlech konnt de Fifty-One Club Musel de Vertrieder vun der Fondatioun Wonschstär fir d’zweet eng Spend iwwerreechen, dës Kéier vun 2551 €. Déi Suen waren zesumme komm duerch de Verkaf vu Crémant um leschte Bacchusfest zu Réimech. Bei där Geleeënheet huet den Tom Pauly de Memberen vum Fifty-One d’Aktivitéiten vum Wonschstär virgestallt. Et geet hei drëms, fir Leit, op jonk oder al, déi Misär am Liewen hunn, eng Freed ze man an hinnen e besonnesche Wonsch ze erfëllen. Dës Wënsch si ganz verschidden a kënnen vum Besuch vun engem Fussballmatch iwwer Gezei bis zu speziellen orthopedeschen Equipementer goen. All Wonsch gëtt mat engem Affekot, engem Dokter an engem Comptabel analyséiert. Fir d'Erfëllung vun de Wënsch um Terrain gi Sponsoren, Firmaen, Associatiounen, asw. ëm Hëllef gefrot. Säit 2014 konnten esou ëm déi 200 individuell Projeten duerchgefouert ginn. Am Joer 2018 huet Wonschstär ongeféier 100.000 € ausginn fir Leit glécklech ze man. Ofschléissend sot de Jean-Marie Vesque am Numm vum ganze Fifty-One Club Musel Merci fir déi interessant Informatiounen. Hien ass iwwerzeegt, dass d'Spend an déi richteg Hänn kënnt an dozou bäidräit de Benodeelegten an eiser Gesellschaft ze hëllefen, esou wéi d’Devise vum Fifty-One dat virgesäit.