De Fifty-One Club Musel hëlleft Acteuren aus dem soziale Beräich

De Service à la Communauté vum Fifty-One Club Musel ënnerstëtzt dëst Joer 3 verschidden Associatiounen, déi am soziale Beräich schaffen. De President Georges Disewiscourt hat d’Vertrieder vun dësen Associatiounen op d’Reunioun vum Mount Mee an de Restaurant Mathes zu Ohn agelueden. Hie war stolz, do kënnen Donen vun am Ganzen iwwer 8000 € un D’Madamm Alexandra Oxacelay vun der Stëmm vun der Strooss, un d’Madamm Denise Weimerskirch an den Här Claude Meyers vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner an un den Här Laurent Mersch vum Institut St Joseph vu Betzder ze iwwerreechen. Dës Sue koumen zesummen duerch de Verkaf vu Fiederwäissen an der Groussgaass a vu Musel-Crémant d’ganzt Joer duerch. Uschléissend huet all Associatioun en Iwwerbléck iwer hier Aktivitéiten ginn an déi Beräicher opgezielt, wou nach Hëllef gebraucht gëtt. Si konnten all d’Memberen vum Club dervun iwwerzeegen, dass hir Geld a gutt Hänn kënnt.