WANDER-SUMMER 2023 ob der Musel

D'Muselfrënn Uewerdonwen asbl hunn am Kader vum Wander-Summer 2023, (organiséiert vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Wanderer), eng vun de ville Wanderungen gemach, ob der Musel zu Wuermer. Den Depart ob engem schéine Samschdeg-Mueren, war zu Dräibuer, wou jeeweils eng Streck vun 8 an 12km ugebuede gin ass. Laanscht d'Wéngerten, déi mat hirem volle gréngen Kléd, di gesond Drauwen geschützt hunn. Einfach eng Pracht! Duerch de Mouerberreg a weider an de Gouschtenger Bësch hun d'Hilde an de Marc van Beusekom di 60 Participanten beschtens geleet. Den Ofschloss war zu Wuermer an der Brasserie Koeppchen bei engem gudde Lëtzebuerger Patt a Maufel. Dat as Summer a Vakanz pur zu Lëtzebuerg.