WINE LIGHTS ENJOY ob der Lëtzebuerger Musel

WINE LIGHTS ENJOY, en exzeptionelle Wäi-Wandertour mat vill neien Andréck duerch eng vun de beschte Laren vu Wéngerten. En Evenement, mat jonken/eelere Wënzer(innen) vun der Lëtzebuerger an Däitscher Musel, organiséiert ënner anerem vun der Gemeen Wormer an Visit Mosell Ganz beandrockend an dëser Zäit, dat opfalend vill Leit aus dem Grenzgebitt, sech d'Liichtspill an der Nuecht (ab 17Auer) ukucke komm sinn, an dobäi vill exzellente Crémant a Wäi dégustéiert hunn. E gudde Maufel huet net gefeelt fir Grouss a Kleng. BRAVO. E Grupp vun den TRËPPELFRËNN hei beim Kleeschen, deen de Wee och an di spannend Ambiance fond hat.