Soroptimist-Benefissconcert fir d'Ukraine

01
Okt
2022
01 Okt

De Club Luxembourg-Doyen du Soroptimist International organiséiert e Mëttwoch, de 5. Oktober um 19:00 Auer am Auditorium vun der Banque de Luxembourg (14 boulevard royal zu Lëtzebuerg) hiren drëtten Benefissconcert fir Leit, déi vum Krich an der Ukraine betraff sinn (Gratis Entrée, Collecte nom Concert). Dës Kéier ginn d'Recetten an enker Zesummenaarbecht mat eisem Schwësterclub zu Lviv verginn.

D'Kënschtler Olena Afanasieva (Chant), Stefan Dorneanu (Piano) mat sengem Papp Dorel (Piano, Cello) a sengem Brudder Ruben (Gei), Philipp Schneider (Chant, Gei) an Thomas Schillo (Gei an Viola) bidden Iech en ofwiesslungsräiche Programm a Solo, Duo, Trio a Quatuor, nët nëmmen vun traditionellen ukrainesche Lidder, awer och klassesch Wierker (Brahms, Dvorak, Milhaud). Nom grousse Succès vun denen zwee fréiere Concerten hunn eis Museker d'Éier, d’Weltpremière vun dräi neie Stécker ze spillen vum ukrainesch-amerikanesche Komponist Andriy Lehki.