16 méiglech Kandidate fir d’Militärmusek

Grousse Succès fir de 25. Stage vun de „Frënn vun der Militärmusek“


Lëtzebuerg. Schons fir déi 25. Kéier hat d’A.s.b.l. „d’Frënn vun der Militärmusek“ e Stage fir Studentinnen a Studenten aus dem Stater Conservatoire dem Conservatoire vun der Stad Esch/Uelzecht an dem Conservatoire du Nord vun Ettelbréck-Dikrech organiséiert. Ausserdeem huet eng fortgeschratte Lëtzebuerger Studentin aus dem IMEP (Institut Royal Supérieur de musique et de pédagogie) vun Namur matgemat. An Total waren net manner wéi 16 jonk Museker mat der Ënnerstëtzung vun hire Professere fir dëse Stage ugemellt ginn.

Nom traditionelle „Concert de bienfaisance », deen d’Lëtzebuerger Arméi, d’Stad Lëtzebuerg an „d’Frënn vun der Militärmusek“ zënter laange Joren zesummen oganiséieren an deem säi Benefice dës Kéier fir „d’Stëmm vun der Strooss“ virgesi war, kruten déi 18 Participanten bei enger Receptioun am grousse Proufsall vun der Militärmusek hir Diplomer iwwerreecht.

A senger Begréissungsried huet de Colonel Pascal Ballinger, Chef d’État-major adjoint vun der Arméi, d’Initiativ vun de Stage fir jonk talentéiert Muskerinnen a Museker bei der Militärmusek begréisst an d‘Elteren fir d’Ënnerstëtzung vum Engagement vun hire Kanner gelueft.

Als FvMM-President ass de Josy Lorent op d’Grondiddi vun dem Stage agaangen, déi doranner besteet, fir jonk Leit fir eng Carrière bei de Militärmusek z’intresséieren. D’Resultat vun dëser Promotiounsaktioun géif sech weise loosse, well déi grouss Majoritéit vun den aktive Militärmuseker vun haut och eng Kéier an esou engem Stage waren, wou hinne bei dësem „Schnupperkurs“ den Appetit komm ass, fir beim eenzege professionelle Blosorchester vu Lëtzebuerg haaptberufflech aktiv ze ginn. An der Praxis huet de Stage dës Kéier doranner bestanen, dasss d’Jongmusekerinnen a Jongmuseker vum 26. bis den 31. Januar 2024 net nëmmen d‘Geleeënheet kruten, fir e Bléck hannert d’Kulissen an d’Aarbechtskomditioune vun engem Beruffsorchester ze geheien a mat him um Pult ze prouwen an am „Concert de bienfaisance“ matzespillen. Sie kruten doriwwer eraus bei enger Visite vum Militärzentrum um „Häerebierg“ zu Dikrech Renseignementer iwwer d’Carrièreméiglechkeete bei der Arméi.

Unerkennend Wierder huet de Kulturminister Eric Thill fir de Bäitrag vun der Militärmusek zum kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg am Allgemengen fonnt, awer och fir d’Initiativ vun de Stage fir d’Jugend.

Dës 16 jonk Leit krute vun dem FvMM-President Josy Lorent, dem Colonel Pascal Ballinger an dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, Dirigent vun der Militärmusek, hiren Diplom mat Gratulatiounen iwwerreecht: Emilie Ballinger (Hueschtert/Rammerich), Nik Bellwald (Serrouville/F.), Emile Bosseler (Käerch), Hélène Boyer (Bouneweg), François Bernard Campagna (Serrouville/Fr.), Louis Cavuoto (Esch/Uelzecht), Valérie Conter (Fengig), Emile De Waha (Gilsdref) , Lea Ferreira (Käl), Lisa Gales (Kanech), Mia Graf (Ehleng), Philippe Kayl (Näerzeng) , Catherine Origer (Uespelt), Lynn Peyer (Sandweiler), Philippe Wein (Giewel) a Yannick Wio (Hueschtert).


(Photo: Section audiovisuelle de l'Armée / Eric Engel)