De « Péckvillchen » vum LIONS CLUB Al Lëtzebuerg

D’Éimäischen 2017 steet virun der Dier, an de LIONS CLUB Al Lëtzebuerg ass prett, vir déi nei Editioun vun „Péckvillercher“ op sengem traditionelle Stand um Fëschmaart op Ouschterméindeg unzebidden. D’Villercher sinn wéi ëmmer an deenen typesche Lions Faarwen blo a giel gefierft. Et ass eng Produktioun aus dem Keramikatelier vun der Ligue HMC zu Capellen. D’Editioun 2017 ass op 160 Exemplairen limitéiert, déi fortlafend numeréiert sinn. Dir kritt sie ze kafen op der Éimäischen um Verkafsstand vum LIONS CLUB Al Lëtzebuerg vu mueres 8 Auer un. De Präis ass 15 Euro pro Stéck. D’Koppel get ugebueden fir 28 Euro. Den Erléis vum Verkaf ass geduecht, fir déi sozial Wierker vum LC Al Letzebuerg ze ënnerstëtzen.