Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair.

Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Juli,August a September gebuer sinn. Dës Kéier waren et 20 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten.

Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn. Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlech Owend verbruecht mat flotter Musik.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Madame Anny THILL (79 Joer); Madame Germaine DEVILLE-WIRTZ (81 Joer); Madame Anne MÜLLER-ERPELDING (82 Joer); Madame Christine GILLANDER-BISENIUS (84 Joer), Här Jean WEYDERT (84 Joer); Madame Marguerite MOLITOR (85 Joer); Madame Léontine ZEYEN-RATHS (86 Joer); Madame Julie HEYART-DOEMER (87 Joer), Här Ferdy FISCHER (87 Joer), Här Jean Jacques LEPESANT (87 Joer), Här Roger SCHMITT (87 Joer); Schwëster Michaela WILLEMS (89 Joer), Madame Helène KAISER-POMMERELL (89 Joer); Madame Germaine THULL-LUXEN (90 Joer); Madame Marie FABER (91 Joer), Madame Claire FRIEDEN-WEITZEL (91 Joer); Madame Lya HALLÉ-HANSEN (95 Joer), Här Edouard ROUSTER (95 Joer); Madame Irène BLASEN-GLAUDEN (97 Joer)

D’Direktioun huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.