Geplangte gliesene Passage um Knuedler beim Fiisschen


Wat soll dat?

De Jean Ewert (Architekt) an de Pe‘l Schlechter (Architekt a Graphiker) grad wéi den H.B. hunn sech a Beiträg am LW iwwert de „Tunnel“-Projet opgereegt deen d’Gemeng um Knuedler soll mam Gebei verbannen dat elo op der anerer Säit vun der Trap niewt dem Fiissche restauréiert gëtt. Dee gliesene Passage, deen d’Gesamtbild vum Knuedler verschampeléiert, ass keng gutt Iddi, dat ass dat mannst wat ee ka soen. An da muss een sech froen ob en iwwerhaapt néideg ass. Oder ginn do pro Dag vun engem Gebei zum anere honnerte vu Leit hin an hir déi net däerfen (op e puer Meter) d’Féiss naass kréien? Da misst op ganz ville Plazen esou e Passage gebaut ginn. Looss mer ons dach net lächerlech man!

Modern Architektur mat aler Substanz ze verbannen ass esouwisou "ein schwieriges Unterfangen", an ech sinn der Meenung dass et besser wär dat reimlech ze trennen. A méi einfach wär et dat ganz sinn ze loossen wann et net onbedéngt erfuerdert ass. A Pseudo-Ales opzeriichten dat réusséiert och net esou richteg. Ech fannen d'Geriichtsgebei um Hellege Geescht z.B. net gutt (well et weder wéi d'Gebeier vu fréier um Plateau nach eng modern Konstruktioun ass), guer net ze schwätze vum Interieur vun der Chamber.
A wann dee Passage wierklech sollt onentbiirlech sinn da kéint e jo ënnerierdesch gebaut ginn.

roger.folmer@education.lu