Nach eng Kéier (fir d’läscht) : Passerelle um Knuedler

Ouni Sang a Klang ass viru kuerzem den neie Biergercenter vun der Stad Lëtzebuerg opgaang. D’Baussemauere vun dem fréieren Veräinshaus si schéi restauréiert ginn a bannenan gesäit et gutt aus, och wann ee muss bedaueren dass eng Parti vun alen Deeler (Biedem, Plafongen, Diren…) einfach zerstéiert gouwen.

Wann een era kënnt da gesäit een direkt op der rietser Säit de Passage fir an den alen Deel vun der Märei. Also dat ass esou apart dass een et op engem Flughafen als Passerelle fir an de Fliger ze kommen fantastesch géif fannen. Mee woufir gouf déi Passerelle hei gebaut, déi als « uniquement réservée au personnel » geplangt war ? Elo dierf awer och den normale Bierger duerch den Tunnel goen. Mee e soll net tescht 12 an 14 Auer oder no 17 Auer probéieren well dann ass d’Dir fir an déi al Gemeng zougespaart.

Et gëtt eigentlech kee Grond fir duerch deen Tunnel ze goen. Et kann een awer op der Passerelle e Bléck no bausse werfen. Da gesäit een a Richtung Knuedler de Fiisschen « hanner Gitter ». Dat selwecht Gitter stéiert och d’Siicht déi aner Säit op de Kolléisch an op d’Kathedral. An dass dee ganze Block vun der Passerelle souwuel vum Knuedler wéi vun der Ënneschtgaass d’Vue verschampeléiert ass jo schons laang bekannt.

Kee Wonner dass keng feierlech Eröffnung war.